Ästhetesch Zänndokterie besteet doran, äert Laachen ze verschéinern an ze verbesseren. Si ëmfaasst verschidden Behandlungen wéi Zänn bleechen, Facetten oder och Krounen, fir d’Form, d’Faarf oder d’Alignement vun ären Zänn ze verbesseren, fir äert Lächelen méi ästhetesch a harmonesch ze maachen.
Zänn bleechen
Dir wëllt e méi hellt Laachen?
Mir proposéieren Iech eng einfach an effektiv Behandlung, déi Iech et erméiglecht, fir eng bis e puer Nuancen ze gewannen. Dës Behandlung kann doheem mat Hëllef vu perséinlech ugepassten Gouttièren gemaach ginn oder direkt an eiser Praxis an enger eenzeger Behandlung.
Implantologie
Dir wëllt een oder méi Zänn ersetzen?
Implantologie besteet doran, déi feelend Zänn mat kënschtlëschen „Titanwuerzelen“ ze ersetzen. Op dësen Implantater ginn dann Prothesen wéi Krounen, Bridges oder auszéibar Prothesen fir d‘Ästhetik an d’Funktioun vun den Zänn op enger dauerhafter Manéier nees hiergestallt.
Kieferorthopädie
Dir wëllt d’Alignement vu ären Zänn verbesseren?
Kieferorthopädie huet Zil, d‘Positioun vun den Zänn an de Kieferen ze verbesseren an z‘alignéieren, bei Kanner, Jugendlechen oder Erwuessene. Eis Kieferorthopäden, den Dr. Zeidan an den Dr. Hussein, benotzen Apparater wéi d‘Zahnspang, Zahnspangen déi een eraushuele kann oder transparent Zahnspangen, fir d’Zänn ze richten, Okklusiounsproblemer ze verbesseren an fir d‘Ästhetik vun Ärem oder Ärem Kand sengem Laachen ze verbesseren.
Stomatologie
Stomatologie konzentréiert sech op d‘Krankheeten an d’Behandlungen vum ganzen Mond: de Zänn, d‘Zännfleesch, d’Sprooch, de Kiefer an d’Umgebungsgeweber.
Eisen Stomatolog, den Dr. Freminet, behandelt eng breed Palette vu Problemer wéi d’Extraktioun vun den Wéisheetszänn, d’Trouble mam „temporo-mandibulaire“ Gelenk, sou wéi d’Tumoren oder Läsionen am Mond.
Prothesen
D‘Zahnprothesen ginn benotzt fir een oder méi Zänn ze ersetzen.
Se kënnen eraushuelbar sinn, wéi e partiellt oder komplett Gebëss, oder fest, wéi eng Bréck oder eng Kroun. Dës Prothesen si konzipéiert fir d’Kaufonktioun ze restauréieren an d‘Ästhetik vum Laachen ze verbesseren, mam Zil Äre Komfort z‘optiméieren.
Erhalend Behandlungen
Dir wëllt eng gutt Bucco-Dentalgesondheet erhalen?
Et ass wesentlech, op erhalend Behandlungen ze setzen wéi Zännbelag eweghuelen, d‘Behandlung vu Karies an Restauratiounen. Dës Behandlungen spillen eng entscheedend Roll an der Präventioun an der Behandlung vu Zännproblemer, fir är Zänn esou laang ewei méiglech ze erhalen.
Zännfleesch behandlungen
Blutt ärt Zännfleesch? Zitt Ärt Zännfleesch sech zréck? Beweegen sech Är Zänn? Dir kéint eventuell un enger Parodontitis leiden.
D’Parodontologie konzentréiert sech op d’Gesondheet vun de Geweber déi d’Zänn ënnerstëtzen, wéi d‘Zännflesch an d’Knochen ëm Zänn. D’Zil ass dës Geweber an gudder Gesondheet ze erhalen, fir stark a fest verankert Zänn ze bewahren fir de Komfort vun engem gesonde Mond ze erliewen.
Endodontie
D’Endodontie konzentréiert sech op d’Traitement vum banneschten vun den Zänn.
Wann en Zant infizéiert oder staark beschiedegt ass, ass et néideg eng Wurzelbehandlung ze maachen, fir déi infizéiert Pulp fortzehuelen, den Inhalt vum Zant ze botzen an den Zant erëm ze verschléissen, fir den natirleche Zant ze erhalen. Den Dr. Mourot huet sech op dës Disziplin spezialiséiert an féiert Är Behandlungen ënner engem Mikroskop duerch.
Pédiatresch Zänndokterie
Pédiatresch Zänndokterie ass en Zweig vun der Zänndokterie, dee sech op d’Zahnbehandlungen vu Kanner konzentréiert an op hir spezifeschen Bedierfnisser ugepasst ass. Dëst kann präventiv Examen, Behandlungen vu de Mëllechzänn oder och Rotschléi fir d‘Bucco-Dentalhygiène vu de Kanner sinn.
Et ass recommandéiert, als präventiv Moossnam, si schonn ab jonkem Alter, mat engem Zänndokterskabinet vetraut ze maachen.
Occlusodontie
Hutt Dir Péng am Kiefer? Héiert Dir en klacken?
D‘Occlusodontie konzentréiert sech op d’studéiere vun der Occlusion, dat heescht, wéi déi iwescht Zänn an déi ënnescht zesumme passen, wann de Mond zou ass. Et geet dorëms, d’Problemer mam „temporo-mandibulaire“ Gelenk ze verstoen an ze korrigéieren, fir de Komfort, d’Kaufunktipub an d’Reduktioun vun den muskulären Spannungen am Kiefer ze verbesseren.